No sengem Hit "Human" ass de Rag'n'Bone Man zréck mat neier Musek.

Fakten
De Rory Graham ass ee brittesche Soulmuseker. Hien ass ënnerwee ënnert dem Kënschtlernumm Rag'N'Bone Man an huet eng gefillvoll Stëmm wéi ee se just seelen fënnt a vun sou engem Typ wéi dee jonken Englänner Rag'n'Bone Man net erwaart. Mat sengem Hit "Human" gouf de Rory Graham 2016 e Star. An de Joren dono gouf et méi roueg ronderëm de Sänger mat der kräfteger Stëmm. Elo huet de Graham sech mat senger neier Single "All you ever wanted" zréck gemellt. Mat deem Song huet de brittesche Sänger och säin 2. Album "Life by Misadventure" ugekënnegt, deen den 23. Abrëll eraus kënnt. 

Aussergewéinleches

Ier hien decidéiert huet, professionelle Museker ze ginn, war hien Betreier fir Mënschen mat Asperger- an Down-Syndrom. Sollt seng Musekscarriere näischt ginn, wëllt hien dat nees maachen.

Fréier Hits
Am Juli 2016 gouf als éischt Single vum Debütalbum den Titel "Human" ausgekoppelt. A ville Länner an Europa huet d'Lidd Plaz 1 vun den Charts erreecht.  Dono hat hien mam Titel "Skin" eng weider erfollegräich Single an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Aloe Blacc, Tom Grennan, JP Cooper

Lauschtert eran