De britteschen DJ-Duo ass zréck mat enger Kollaboratioun zesumme mat der Sängerin Kelis

Fakten:
Di éischt Zesummenaarbecht vun der US-Kënschtlerin a vum engleschen Duo Disclosure heescht "Watch Your Step" an ass ee Club-Track, deen och an Zäite vun zouene Clubs gutt funktionéiert. Disclosure hunn een Talent doran, di passend Stëmm fir hire Sound ze fannen. "Watch Your Step" kombinéiert Breakbeats, Club-Feelings an dem Kelis seng Stëmm.

Aussergewéinleches:
Dass den Track zu engem Zäitpunkt eraus kënnt, wou Clubs net opmaachen dierfen, konnte Kelis a Disclosure net wëssen: Opgeholl gouf de Song nämlech viru Corona. All di Bedeelegt huelen et mat Humor a maachen Hoffnung op eng weider Zesummenaarbecht.

Fréier Hits:
Di zwee Bridder Guy an Howard Lawrence kennt ee fir House, Garage an Elektro-Pop. Hiren éischte groussen Erfolleg hate si 2012 mam Song "Latch" mam Soulsänger Sam Smith. Een Top 40 Hit an England.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris , Route 94, Years&Years

Lauschtert eran