Ee Joer no sengem Album "Rare" ass d'Selena Gomez zréck mat neier Musek.

Fakten
Eréischt virun e puer Wochen huet d'Selena Gomez op senger Single "De Una Vez" eng éischte Kéier op spuenesch gesongen. Elo huet d'Sängerin eng EP mam Titel "REVELACIÓN" ugekënnegt, op där et exklusiv spueneschsproocheg Lidder ze héiere gëtt. D'EP soll den 12. Mäerz eraus kommen. Am Virfeld vun der EP huet d'Selena Gomez eng nei Single mam Numm "Baila Conmigo" eraus bruecht, op där och de puerto-ricanesche Sänger Rauw Alejandro ze héieren ass.

Fréier Hits
Seng Musekskarriäre huet d'Selena Gomez am Joer 2008 ugefaangen. Bekannten Hits sinn "I Want You To Know" zesumme mam DJ Zedd, "Wolves" zesumme mam Marshmello an 2019 hat hatt schliisslech säin éischten eegenen Hit mat "Lose You To Love Me".

Aussergewéinleches:
Dass d'Selena Gomez grad elo Musek op spuenesch eraus bréngt, huet sécherlech och ee strategeschen Hannergrond. Kënschtler wéi Bad Bunny, J Balvin a Rosalía gehéieren aktuell zu den erfollegräichsten Acts weltwäit. Hannert dem neie Projet vun der 28 Joer aler Sängerin kéint och de Versuch stoen, hiren Erfolleg vrun allem a Mëttel- a Südamerika weider auszebauen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Miley Cyrus, Demi Lovato, Rihanna

Lauschtert eran