Den TikTok-Star Nathan Evans lieft mat senger Remix-Versioun vu "Wellerman" Feat. 220 Kid x Billen Ted säin Dram.

Fakten
Adele, Dermot Kennedy oder Maroon 5 – den Nathan Evans huet scho vill Lidder gecovert.  Seng Tiktok-Community vun iwwer 830.000 Follower huet him ëmmer nees Propose fir Cover-Versioune geschéckt. Sou koum hien iwwer verschidde Folk-Songs och op "Wellerman" vun der brittescher Band The Longest Johns aus dem Joer 2018. Den Nathan huet mat sengem Cover vum Lidd elo de groussen Duerchbroch gepackt. D'Akustik-Versioun vum Nathan Evans sengem "Wellerman" hunn 220 Kid a Billen Ted an ee clubtaugleche Remix verwandelt.

Fréier Hits
Den Nathan Evans ass virun allem TikTok-User e Begrëff. Dee 26-Joer ale Museker post do zanter Mäerz 2020 ëmmer nees Cover-Versioune vu verschiddene Songs aus ënnerschiddleche Genren. Den Duerchbroch ass him elo mat engem beléifte Séimannslidd gelongen.
 
220 Kid huet am Abrëll d'lescht Joer mat sengem Track "Don’t Need Love" Feat. Gracey ee gréisseren Erfolleg gefeiert. Den Nowuess-Produzent an -DJ huet schonn dacks mam Produzenten-Duo Billen Ted zesumme geschafft, déi scho mat Kënschtler wéi Melanie C, HUGEL oder MNEK am Studio waren.

Aussergewéinleches:
Den Nathan Evans lieft zu Airdrie a Schottland an ass eigentlech vu Beruff Bréifdréier. Dëst Joer huet awer eng aner Carriäre fir hien ugefaangen! Den Nathan huet iwwer TikTok net just e Wee fonnt, säin Hobby auszeliewen. Hien ass mat "Wellerman" souguer ee Star ginn an och ausserhalb vun TikTok bekannt, an huet säin Hobby zum Beruff gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech: