De brittesche Sänger SG Lewis huet zesumme mat der Funklegend Nile Rodgers eng nei Single eraus bruecht.

Fakten:
Den SG Lewis huet scho laang e Faible fir Disco-Sounds: Vrun allem al Lidder aus der fréier Funk-Ära hu fir hien eng besonnesch Energie. Ëmsou méi cool muss et fir dee 26 Jor ale Museker sinn, ee Song mam Nile Rodgers opzehuelen. Op der Single "One More" héiert ee clubbegen Electro-Pop, di entspaannt Stëmm vum SG Lewis an déi markant Funk-Gittar vum Nile Rodgers.

Aussergewéinleches:
Den SG Lewis huet nach e puer Gittarspuere vum Nile Rodgers, sou dass eventuell nach méi gemeinsam Musek kéint nokommen.  Ofgespäichert wieren d'Opnamen op e puer Festplacken, déi den SG Lewis um Späicher vu sengem Elterenhaus stockéiert sinn. Do wier  Corona-bedéngt an der lescht vill nei Musek fir säin neien Album entstanen.

Fréier Hits:
De brittesche Museker a Produzent SG Lewis huet scho mat ville grousse Museker zesumme geschafft. Fir d'lescht huet hien zum Beispill  Musek fir dem Dua Lipa säin Album produzéiert a mam Robyn a Rhye selwer Songs opgeholl. Seng nei Single "One More" ass ee Feature mat der Disco- a Funk-Legend Nile Rodgers vun New York City. Den Nile Rodgers huet di legendär Disco-Band Chic gegrënnt a fir Stare wéi David Bowie produzéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Capital Cities, Jax Jones, Roosevelt

Lauschtert eran