No sengem Hit "Nevermind" ass den Dennis Lloyd zréck mat neier Musek.

Fakten
Den Dennis Lloyd, deen 2018 mat sengem Welthit "Nevermind" säin internationalen Duerchbroch gepackt huet, mellt sech Ufank 2021 mat enger neier Single zréck! "Anxious" ass op sengem Debütalbum ze fannen, deen am Laf vu Joer eraus kënnt.

Aussergewéinleches
Den Drock am Museksbusiness kann ee Kënschtler mental ganz schéin erof zéien. Genee dorëm geet et och am Dennis Lloyd senger neier Single "Anxious"! Am Joer 2017 huet den Dennis seng éischt Panikattack erlieft. Ee vun de Grënn: Säi Label huet hien dru gehënnert, nei Musek ze releasen, well si mat senger musikalescher Richtung net averstane waren. 3 Joer méi spéit, huet hien decidéiert, seng Ängscht an engem Lidd festzehalen.

Fréier Hits
Seng 1. Single "Playa (Say That)" ass 2015 eraus komm. Dono war hien ee Joer zu Bangkok wou hien méi wéi 40 Lidder geschriwwen huet. Eent dovun war "Nevermind", wat am November 2017 an den italieneschen Charts d'Top 30 erreecht huet. Am Mäerz 2018 gouf de Song bei Spotify weltwäit een Erfolleg. Doropshin konnt de Song och an allen 3 däitschsproochege Länner an d'Charts era klammen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Walker, Tom Grennan, Bastille

Lauschtert eran