No "Let's Love" sinn d'Sia an den David Guetta zréck mat enger neier gemeinsamer Single.

Fakten:
Sou lues kann ee vun enger musikalescher Frëndschaft fir d'Liewen schwätzen: d'Sia an den David Guetta. Di australesch Pop-Supersängerin an de franséische Producer hunn iwwert dat lescht Joerzéngt a reegelméissegen Ofstänn nei Hit-Kollaboratiounen eraus bruecht, fir d'lescht mam Hit "Let's Love".  Elo sinn déi zréck mat engem neien Hit: "Floating Through Space" ass op Sia sengem 8. Studioalbum "Music - Songs From And Inspired By The Motion Picture" ze fannen, deen dëse Freideg eraus kënnt.

Aussergewéinleches
Dem Sia säin neien Album ass och de Soundtrack vu sengem Regie-Debüt "Music", deen och vun dësem Freideg un "on demand" ze gesinn ass. Bei de Golden Globe Awards gouf de Film gläich zweefach nominéiert, an der Kategorie "Best Motion Picture Musical or Comedy“ a "Best Performance by an Actress in a Motion Picture - Musical or Comedy" fir d'Kate Hudson.


Fréier Hits

2009 hat den David Guetta säin Duerchbroch. "When Love Takes Over" a "Sexy Bitch" hunn et ganz fir an d'Charts gepackt. Dono koumen e sëlleche weider Hits wéi "Titanium" a "Lovers on the sun". De Martin Solveig hat 2010 mat "Hello" säin éischten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Robin Schulz, Jonas Blue

Lauschtert eran