D'Pink huet eng éischt Single mat senger Duechter Willow Sage eraus bruecht.

Fakten

D'Pink huet mat senger 9 Joer aler Duechter Willow Sage eng gemeinsam Single eraus bruecht. Wéi d'Sängerin op Instagram erkläert, hunn si de Song "Cover Me In Sunshine" an der Corona-Pandemie doheem opgeholl, am Zil de Leit Trouscht ze spenden. Fir d'Willow Sage war et net déi éischt Visitt a engem Tounstudio. 2018 huet hatt mat senger berüümter Mamm fir den Album "The Greatest Showman - Reimagined" de Song "A Million Dreams (Reprise)" opgeholl.

Aussergewéinleches:
Viru senger Solocarrière war d'Pink Member a verschiddene Girlgroups. Verschidde Produzenten hunn dunn aus him ee wäissen R'n'B Star gemaach.

Fréier Hits:
Am Joer 2000 koum säin Debütalbum "Can't Take Me Home" op de Maart, a schonn déi éischt Single "There You Go" huet Plaz 7 vun de US Billboard Charts erreecht. Weltwäit berühmt gouf hatt 2 Joer méi spéit mam Album "Missundaztood" an den Hits "Get The Party Started" grad wéi "Just Like A Pill". 2002 krut hatt de Grammy fir d'Interpretatioun vum Song "Lady Marmalade" zesumme mam Lil' Kim, Mya a Christina Aguilera.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Anastacia, Christina Aguilera, Alanis Morissette

Lauschtert eran