Nom gemeinsamen Track mam Miley Cyrus huet d'Dua Lipa seng nei Single „We’re Good“ eraus bruecht a beschreift hei d'Enn vun enger  Bezéiung.

Fakten
Ufank Februar hat d'Dua Lipa iwwer Instagram di nei Single "We’re Good" ugekënnegt. Mat där neier Single  huet hatt och eng Special-Edition vu sengem Album "Future Nostalgia – The Moonlight Edition" eraus bruecht. „Let's end it like we should and say we're good”, séngt hatt an der neier Single "We're Good". Eng Trennung ass dacks mat grousser Péng verbonnen. Net ëmmer geléngt et, dass di 2 Partner d'Bezéiung wëllen opginn. D'Dua Lipa stellt an der Single fest, dass et net méi passt a probéiert, sech vu senger Ex-Léift respektvoll ze trennen, fir ee nei Wee aschloen ze kënnen.

Aussergewéinleches:
Mat 15 ass d'Dua Lipa eleng op London geplënnert an huet als Model a Serveuse geschafft. Niewebäi huet hatt Coversongs op Youtube gepost. Säi Style nennt hatt gären „Dark Pop“.

Fréier Hits
Singele wéi "Be The One" an "Hotter Than Hell"  hunn d'Dua Lipa bekannt gemaach. D'Angèle krut 2018 mat sengem Debutalbum éischt Opmierksamkeet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Zara Larsson, Lorde

Lauschtert eran