Den australesche Rapper weist mat senger neier Single säi Kënnen.

Fakten
Mat "Astronaut In The Ocean" weist den australesche Rapper "Masked Wolf" eng Säit vum Hip-Hop, déi näischt mat Cloud-Rap an Autotune ze dinn huet. Am Songtext geet den australesche Rapper oppen an däitlech mat sengem mentalen Zoustand ëm. Am Refrain heescht es zum Beispill: "What you know about rolling down in the deep? When your brain goes numb you can call that mental freeze".

Aussergewéinleches:
Den Harry Michael alias Masked Wolf gesäit net aus wéi e Rapper. Seet hie selwer. Dat ass awer spéitstens dann egal, wann hien an de Studio geet a säi Kënne weist. Dohier kënnt och den Numm vum Rapper. "Ech hu mech Masked Wolf genannt, well ech d'Gefill hat, dass ech ausserhalb vun der Musek ee ganz normalen Typ sinn", seet hien. Am Studio léisst hien dann awer de Wollef eraus. Da kann hie weisen, wat hannert deem "normalen Typ" stécht a firwat him den internationalen Duerchbroch zougetraut gëtt. An der Hip-Hop-Zeen vu senger australescher Heemecht ass de "Masked Wolf" scho bekannt.

Fréier Hits
Den Harry Michael alias "Masked Wolf" huet scho mat 13 Joer ugefaange Texter ze schreiwen. Deemools huet hien Eminem a 50Cent gelauschtert. An de Joren dono war et ënner anerem den Afloss vum Drake, deen hie motivéiert huet, selwer un de Mikro ze trieden. Bei Twitter huet de Masked Wolf gepost, dass ee Major-Label hien net ënner Kontrakt huele wéilt, well seng Social Media-Zuelen net gutt genuch wieren.  Haut kann dat him egal sinn, well et leeft richteg gutt fir hien.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Pigeon John, Hilltop Hoods, The Kid Laroi

Lauschtert eran