Years & Years sinn zeréck mat engem Cover vum Pet Shop Boys-Song "It's a Sin".

Fakten
Déi brittesch Band Years & Years huet ee ganz gefillsvolle Piano-Cover vun "It’s A Sin" erausbruecht. De Song ass am Kader vun enger neier brittescher Mini-Serie mam selwechten Numm releast ginn.

Aussergewéinleches:
De Pet-Shop-Boys-Sänger Neil Tennant hat "It’s A Sin" (1987 en Nummer-1-Hit) deemools a just 15 Minutte geschriwwen. Dat verréit hien an engem Interview mat der amerikanescher Zäitschrëft "The Atlantic". Inspiréiert war d'Stéck vum Neil Tennant senger Zäit op der kathoulescher St. Cuthbert’s High School zu Newcastle an eigentlech als Witz gemengt. Bei senger deemoleger Proff ass de Song awer net sou gutt ukomm. Dat huet dem Lidd awer nach méi Opmierksamkeet bruecht.

Fréier Hits
Years & Years ass eng brittesch Elektropopband vu London, déi besonnesch mat de Lidder "Shine" a "King" hiren internationalen Duerchbroch gefeiert huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Clean Bandit, Jax Jones, Dua Lipa

Lauschtert eran