"Way Less Sad" ass um neien Album "OK ORCHESTRA" ze fannen.

Fakten:
No hirem bekannten Hit "Bang" sinn AJR zeréck mat der neier Single "Way Less Sad". "Way Less Sad" handelt dovun, wéi mir eis de Moment  fillen. 2020 war fir vill Leit ee schrecklecht Joer. Dëst Joer hoffen d'Leit op e bësse méi Normalitéit, an och wann d'Liewe sech just ganz lues nees normaliséiert, freeën d'Leit sech schonn iwwer kleng Verbesserungen. D'Lidd ass och op hirem neie Studio-Album ze fannen. "OK ORCHESTRA" soll de 26. Mäerz 2021 erauskommen.

Aussergewéinleches:
2007 hunn déi dräi Bridder Adam, Jack a Ryan ugefaangen zesumme Musek ze maachen. De Kënschtlernumm AJR war dunn och séier festgeluecht, et si ganz einfach d'Ufanksbuschtawe vun hire Virnimm. Fir de groussen Duerchbroch ze packen hunn d'Gebridder, déi ufanks als Stroossemuseker opgetruede sinn, en éischter ongewéinleche Wee gewielt: Si hunn nämlech op Twitter all méiglech Staren ugeschriwwen. Schlussendlech ass déi australesch Sängerin Sia op d'Band opmierksam ginn an huet déi Dräi bei engem australesche Label ënnerbruecht.

Fréier Hits:
2017 konnten AJR mat "Weak" d'Charts a ganz Europa stiermen. Duerno koum ënnert anerem den Titel "Sober Up". Méi rezent konnt d'Band mat "Bang" e groussen Erfolleg feieren, e Song an deem d'Gebridder kloer stellen ewéi schwéier et ass seng Jugend hannert sech ze loossen an endlech op eegene Been ze stoen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Twenty One Pilots, Imagine Dragons, Blackbear

Lauschtert eran