Dem Rita Ora seng nei Single "Big" ass ee moderne Partysong.

Fakten:
D'Rita Ora presentéiert mam Titel "Big" d'Leadsinge vu senger neier EP "Bang". Déi Single huet hatt zesumme mam Newcomer a kasacheschen DJ Imanbek via Zoom op d'Bee gestallt. Fir den EDM-Track hunn di 2 ausserdeem Ënnerstëtzung vum David Guetta a vum amerikanesche Rapper Gunna.

Aussergewéinleches:
Nieft dem David Guetta an dem Gunna als Star-Features, ass och den Ed Sheeran als Co-Writer um Song bedeelegt! Bei sou vill Starpower, kann den Titel eigentlech just en Hit ginn.

Fréier Hits
Dem Rita Ora säin Debütalbum hat et bis op Plaz 1 vun de briteschen Charts gepackt a mat  "I Will Never Let You Down" hat d'Rita Ora ee vun de gréissten Hits vum Joer 2014 gelant. Den Imanbek hat mat sengem Remix vum Saint John’s Song "Roses" weltwäite Succès.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jessie J, Rihanna, Natalia Kills

Lauschtert eran