Fakten:
De Mike Shinoda (Linkin Park) huet mat "Happy Endings" eng nei Single eraus bruecht. Dobäi huet hie sech mat der Alternative-Sängerin/Songwriterin UPSAHL a mam US-Rapper Iann Dior eng spannend musikalesch Ënnerstëtzung an de Studio geholl. Den Iann Dior kennt een jo duerch säi rezenten Nummer-1-Hit "Mood" mam 24kGoldn.

Aussergewéinleches:
"Happy Endings" ass een optimistesche Song mat vill Energie, deen all dee Frust erausléisst, dee mir zanter engem Joer mat eis ronderëm droen. "Yo, this whole last year was a shit show / Just findin' out now what I didn't know", rappt de Shinoda ënner anerem.

Fréier Hits

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Lauschtert eran