Den Jason Derulo feat. Adam Levine presentéieren di nei Single "Lifestyle".

Fakten
No "Love Not War", "Take You Dancing" a "Savage Love" gëtt et nees nei Musek vum Jason Derulo. A senger neier Single huet hie sech mam Adam Levine zesumme gedinn, de Frontmann vu Maroon 5. Gedroe vun engem Latin-Vibe, sangen Jason Derulo an Adam Levine am Song vun enger Fra, déi si fir sech gewanne wëllen – mee dat ass deier: "You 'bout that lifestyle / Everybody knows / Diamonds ain't got nothin' on you / We 'bout that lifestyle /Dollar, dollar bills", stelle si fest, a si froe sech: "Baby, would you stay if I'm broke?" Only time will tell! Fest steet: Dës Zesummenaarbecht ass absolut gelongen.

Aussergewéinleches
Den Jason Derulo huet e.a scho Lidder fir de Pitbull, de Lil Wayne oder och den Diddy geschriwwen. E war schonn a jonke Joren e gefrote Songwriter, souguer nach ier seng eege Musekskarriäre un d'Rulle koum.

Fréier Hits
"Whatcha Say" war den éischten Hit vun dem Sänger aus Florida. Dat war am Joer 2009 a sollt direkt e Number One Hit ginn. Mat Lidder wéi "In My Head" oder awer och "Want to Want Me" konnt hien an de leschte Joren noleeën.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, LunchMoney Lewis, Sean Paul

Lauschtert eran