Nom Hit "Hypnotised" ass den däitsche Producer zréck mat neier Musek.

Fakten
Purple Disco Machine ass ee vun de wichtegsten Elektro-Produzenten aus Däitschland. Säin neien Track heescht "Fireworks" an huet international Gäscht um Start. De Museksduo The Knocks kënnt vun New York, de Singersongwriter Moss Kena vu London. Zesumme vermësse si an dësem Lidd d'Nuets- an d'Partyliewen.

Fréier Hits
An de leschte puer Joer huet den däitschen DJ Tino Piontek, besser bekannt als Purple Disco Maschine, mat sengem Disco-House-Stil den Duerchbroch gepackt. Seng Single "Devil In Me" hat méi wéi 35 Millioune Streams, den Titel  "Body Funk" méi wéi als 20 Milliounen. Dono hat hie mat "In my Arms" ee weideren Hit. Säi leschten Erfolleg war den Titel "Hypnotised".

Aussergewéinleches
Och d'Remixer vun Purple Disco Maschine kënne sech weise loossen. Dobäi sinn zum Beispill Remixer fir Jax Jones, Years & Years, Fat Boy Slim a Calvin Harris.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Claptone, Tensnake, Bakermat

Lauschtert eran