D'Charlotte Jane bekämpft a sengem neie Song "Down Days" di düster Deeg.

Fakten
2019 gouf d'Charlotte Jane mat senger Debüt-EP "Nowhere To Hide" bekannt. D'EP erméiglecht der Sängerin Optrëtter mam Jess Glynne, Dennis Lloyd, Lewis Capaldi an Tom Odell, duerch déi hatt méi bekannt gouf. A senge Songtexter weist d'Charlotte Jane sech ëmmer ganz perséinlech a verletzlech. Dat ass och op senger aktueller Single "Down Days" de Fall, déi d'Charlotte als Reaktioun op een Typ verfaasst huet, dee méi wéi ee Joer mat senge Gefiller gespillt huet.

Aussergewéinleches
D'Charlotte Jane wunnt nach ëmmer an der klenger brittescher Uertschaft Hull, wou hatt an enger musikalescher Famill opgewuess ass.  A senge fréisten Erënnerungen gesäit hatt een Optrëtt vu senge Grousselteren, engem Soul-Duo, a scho kuerz duerno steet hatt mat deenen 2 zesummen op enger Bün. Séier hunn d'Leit gemierkt, dass d'Charlotte ee grousst Talent huet. Aus éischten Open-Mic-Nights goufen Optrëtter am Nordoste vum Land an d'Charlotte huet ugefaangen, eege Lidder ze schreiwen, déi säi Liewe komplett verännert hunn.

Fréier Hits
D'Charlotte Jane ass zimmlech stilvoll an d'Joer 2021 gestart. Seng Single "Down Days" leeft um brittesche Sender BBC Radio 1, an hatt huet et op d'Lëscht gepackt vun den "21 Artists To Watch Out For In 2021" vun der brittescher Zeitung "The Sun". Och de Lewis Capaldi huet hatt als "one of the biggest fucking things in the world"  gefeiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tate McRae, Camila Cabello, Taylor Swift

Lauschtert eran