Mat "Spaceman" annoncéiert den Nick Jonas en neie Solo-Album!

Fakten:
Mat "Spaceman" huet den Nick Jonas seng éischt Solo-Single zanter der Reunion mat senge Bridder am Joer 2019 erausbruecht. Am Song geet et ëm d'Gefill vum Rescht vun der Welt komplett ofgekapselt ze sinn, dohier och den Titel. Musikalesch erwaart eis eng Pop-Ballad, déi an där zweeter Hallschent e bësse Faart ophëllt. "Spaceman" ass dann och den Titel vum Nick Jonas sengem 3. Solo-Album, dee schonn den 12. Mäerz erauskënnt.

Aussergewéinleches:
Déi eng ginn duerch Cover-Versiounen op YouTube, déi aner als SongwriterInne fir aner KënschtlerInne bekannt. Den Nick Jonas gouf 1999 am Alter vu 6 Joer an engem Barbershop entdeckt. Wärend seng Mamm do d'Hoer geschnidde krut, hat de klenge Borscht ugefaange mat sangen a jidderee ronderëm sech verzaubert. Kuerz duerno gouf hien engem Manager virgestallt a seng Karriär war lancéiert.

Fréier Hits:
Seng erfollegräichste Lidder huet den Nick sécherlech zesumme mat senge Bridder Joe a Kevin geschriwwen. Rezent konnte si mat "Sucker", "Only Human" oder "X" grouss Erfolleger feieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Charlie Puth, Shawn Mendes, Justin Bieber & 5 Seconds of Summer

Lauschtert eran!