Haut presentéiere mir iech e weidere Remake vun engem grousse Klassiker!

Fakten:
1978 konnt d'Disco-Formatioun Boney M mat hirem "Rasputin" e groussen Erfolleg feieren. De Londoner DJ a Produzent Majestic huet sech deem Song elo ugeholl an eng ganz nei Versioun vum Klassiker erausbruecht. Dobäi huet hien d'Charakteristike vum Original zu engem groussen Deel bäibehalen: Ustiechend Melodie, mächteg Bassline a verréckt Vocals. Dat Ganzt ebe just an engem 2021er-Look.

Aussergewéinleches:
De Remake ass awer net einfach esou aus dem Näischt komm. "Rasputin" gouf, 43 Joer nom Release, an deene leschte Wochen nämlech op TikTok richteg gehyped. D'Lidd war an etlechen Dance-Challenges opgedaucht a krut wäit iwwer 200.000 Likes op der Plattform. Doduerch ass de Majestic dann och op de Song opmierksam ginn. Hien hätt einfach gespuert datt de Song sech duerch seng Disco-Wuerzele perfekt eegne géif, fir e modernt Dance-Musek-Stéck draus ze maachen, esou de Britt.

Fréier Hits:
International bekannt ass de Majestic bis elo nach net esou richteg, virun allem Insider aus der brittescher Zeen wäerten hie kennen. Trotzdeem ass et e Mann mat ganz vill Erfarung, dee scho mat Kënschtler ewéi Sigma oder Laidback Luke op der Bün stoung a Sets queesch uechtert d'Welt gespillt huet. Eventuell geléngt him jo dann elo mat "Rasputin" de groussen Duerchbroch.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
VIZE, Vinai, David Puentez & DVBBS

Lauschtert eran!