Haut presentéiere mir am Xclusiv eng ganz nei lëtzebuerger Kollaboratioun!

Fakten:
Them Lights an de Faruk hu sech zesummegedoen an hir eege Versioun vu "Feeling Good" erausbruecht. Et ass definitiv ee vun deene gréisste Klassiker vun allen Zäiten, dee scho vu Kënschtler ewéi Nina Simone, Muse oder natierlech Michael Bublé gecovered gouf. Déi zwee Lëtzebuerger hunn eng relativ däischter awer catchy Versioun realiséiert, déi duerch e coole Groove an dem Faruk seng déif a waarm Stëmm iwwerzeegt.

Aussergewéinleches:
Faruk hat 2018 eigentlech als Band ugefaangen. No hirer éischter erfollegräicher Single "All I See" hunn déi 3 sech no engem Joer awer schonn erëm getrennt. Elo ass Faruk als Solo-Projet vum Yann Lepinois zeréck. Hie war ëmmer scho faszinéiert vu méi däischteren a melancholesche Melodien. Seng negativ Gedanken an Emotiounen a senger Musek erauszeloossen wier déi bescht Therapie déi hie kéint kréien, esou de Kënschtler. De Faruk kombinéiert elektronesch Vibes mat Singer/Songwriter-Elementer a kreéiert esou e moderne Sound mat engem Oldschool-Kär.

Fréier Hits:
Als laangjäregen Drummer vun der international erfollegräicher Band Mutiny on the Bounty ass de Sacha Hanlet e prominenten Numm an der lëtzebuerger Zeen. 2017 huet hien du säi Solo-Projet Them Lights lancéiert. An der lescht hat hien ënnert anerem mat "Mysterious Lights" oder "Crimson Walls" op sech opmierksam gemaach. Them Lights huet och scho mat anere lëtzebuerger Kënschtler ewéi EDSUN oder Maz zesummegeschafft,

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
EDSUN, Twin XXA, Chaild & Luxekid

Lauschtert eran!