Den Joel Corry huet eng nei Kollaboratioun erausbruecht!

Fakten:
Mat "Head & Heart" konnt den Joel Corry ee vun deene ganz groussen Hits vu leschtem Joer landen. Elo leet hie mat sengem neien Track "BED" no, deen zesumme mam RAYE a mam David Guetta entstanen ass. De brittesche Kënschtler behandelt op sengem Piano-House-Song d'Gefill vum Verlaangeren, dat mir wuel all aus deene leschte Méint kennen. Mir kënnen eis op en typesche summerlechen Joel-Corry-Vibe mat prägnante Vocals vum RAYE freeën.

Aussergewéinleches:
"BED" ass keng Kollaboratioun am klassesche Sënn. D'Zesummenaarbecht vum Joel Corry an dem David Guetta war esou nämlech guer net geplangt. Zoufälleg war den Joel am Studio op Demo-Opname vum RAYE gestouss vun deenen hien immens begeeschtert war. Wéi hie Kontakt mat der Sängerin opgeholl hat, gouf hie gewuer datt déi zesumme mam David Guetta entstane waren. Nodeems de Fransous säin Accord ginn hat hunn de Corry an d'RAYE de Rescht vum Song zesumme fäerdeggestallt.

Fréier Hits:
Déi brittesch Sängerin RAYE hat an der Lescht schonn eng ganz Partie erfollegräich Kollaboratioune mat grousse Produzenten. Ënnert anerem stieche "You Don't Know Me" mam Jax Jones, "Secrets" mam Regard oder rezent "Regardless" mat Rudimental eraus.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Jas Jones, Sigala, Ella Henderson & 220Kid

Lauschtert eran!