Bruno Mars an Anderson. Paak presentéieren déi éischt Single vun hirem neien Duo Silk Sonic.

Fakten:
De Bruno Mars an den Anderson. Paak hunn de gemeinsamen Duo "Silk Sonic" gegrënnt. Ënnert dem Titel "Leave the Door Open" hunn si hir éischt gemeinsam Single erausbruecht. De Kënschtlernumm huet hinnen dee legendäre Bootsy Collins ginn. Och de Song selwer steet an der Retro-Traditioun vun de Lovesongs aus den 60er/70er-Joren.

Aussergewéinleches
Di 2 Museker hunn net just eng gemeinsam Single eraus bruecht, mee och ee gemeinsamen Debütalbum mam Titel "An Evening With Silk Sonic" annoncéiert.  Den Album soll an noer Zukunft eraus kommen. Ee geneeë Releasedatum ass allerdéngs nach net bekannt. Dass de Bruno Mars an den Anderson.Paak wéi vill aner Museker de Lockdown genotzt hunn, fir Lidder ze produzéieren, huet de Bruno Mars via Instagram selwer confirméiert: "Mir hunn eis agespaart an een Album gemaach."

Fréier Hits
Säin éischten eegene Solo-Hit hat de Bruno Mars 2010 mat "Just The Way You Are". "Grenade" war säin 2. Solo-Hit, a mat "The Lazy Song" huet hien de Summerhit 2011 geliwwert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jason Derulo, Ne-Yo, Usher

Lauschtert eran