Den Issam Alnajjar aus Jordanien huet säin éischten Hit gelant.

Fakten:
Dee 17 Joer ale Jordanier Issam Alnajjar huet mat sengem Song "Hadal Ahbek" ee Welthit gelant, deen e puer Wochen op Plaz 1 vun de Spotify Viral Charts stoung. Net just fir den Issam ass dëst ee grousse Succès, "Hadal Ahbek" ass och deen éischten arabesche Song, deen dësen Erfolleg erziele konnt.  Ausserdeem verbreet sech eng méi lues Versioun vum Song op TikTok.

Aussergewéinleches
De sympathesche Kënschtler séngt a sengem Track iwwert déi schmäerzhaft Trennung vu senger Léift a beréiert domat di ganz Welt. Dee gefillsvoll Performance Video zu “Hadel Ahbek” weist dem Issam säin Talent an huet schonn 32 Milliounen Opriff op Youtube.

Fréier Hits
"Ra-pa-pa-pa-ra-pa-ra-pa", mat dëser catchy Hook huet dee 17 Joer alen Issam Alnajjar aus Jordanien ee weltwäiten Hit gelant. Vun Amerika bis an den Noen Osten summen d'Fans de melodiéise Refrain mat. Och an Europa ass den Track schonn ukomm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Donovan Frankenreiter, Kooks, Sunrise Avenue

Lauschtert eran