Imagine Dragons sinn zeréck mat hirer neier Single "Follow You".

Fakten
2018 hunn Imagine Dragons mat hirem Album "Origins" hir bis elo lescht Musek eraus bruecht. Elo ass d'Band ronderëm de Sänger Dan Reynolds zeréck! "Follow You" handelt dovun, sech an enger Bezéiung z'engagéieren a wéi den Dan an engem Twitter-Post verroden huet, ass "Follow You" fir hien ee ganz perséinleche Song.

Aussergewéinleches:
"Follow You" ass ee Libeslidd mat Gittaren a komplexen Arrangementer. De Sänger Dan Reynolds huet de Song geschriwwen, wéi säi Bestietnis quasi um Enn war.  Hie war um Wee, d'Scheedungspabeieren z'ënnerschreiwen, wéi hien eng SMS vu senger Fra krut, déi hien extrem beréiert huet.  D'Koppel huet d'Trennung op di nächst Woch verréckelt – an du fir ëmmer.

Fréier Hits
Mat "It's Time" hunn d'Imagine Dragons Mëtt 2012 eng éischte Kéier vu sech schwätze gedoen. Spéitstens mam 2. Release vum Album "Night Visions", dem Song "Radioactive" ass hinnen am nämmlechte Joer den Duerchbroch gegléckt. Vum aktuellen 3. Album "Evolve" hunn ënner anerem d'Singelen "Thunder" a "Whatever It Takes" weltwäit d'Charts eruewert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bastille, One Republic & Twenty One Pilots