A senger neier Single "Addicted" séngt d'Jorja Smith vun enger Bezéiung, déi him net dat gëtt wat hatt verdéngt.  

Fakten
Mam Titel "Addicted" presentéiert d'Jorja Smith déi éischt Single vu sengem nächsten Album. Zanter sengem Debüt-Album "Lost & Found" sinn elo bal 3 Joer vergaangen. "Addcited" ass dem Jorja Smith seng éischt Solo-Single zanter sengem sozial-kritesche Song "By Any Means", deen hatt am Kader vun de Black Lives Matter Protester verëffentlecht hat.

Aussergewéinleches
Wann een an enger Bezéiung net déi Opmierksamkeet kritt, déi ee braucht, da kann dat ganz schéin toxesch sinn.Sou och fir d'Jorja Smith op senger neier Single "Addicted": „The hardest thing/You are not addicted to me/I’m the only thing you should need/You should be addicted to me“. Ob et sech ëm Fiktioun oder eng richteg Bezéiung handelt, bleift allerdéngs onkloer.

Fréier Hits
Di englesch Singer¨Songwriterin Jorja Smith huet et mat hirem Debütalbum "Lost & Found" op Plaz 3 vun de britteschen Albumcharts gepackt. Am Joer 2018 huet hatt de "Brit Critics' Choice Award" gewonnen. 2019 gouf hatt bei de Brit Award zur beschter brittescher Sängerin gewielt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Nao, SZA, Solange