SUPER-Hi presentéieren zesumme mat Neeka de Feel-Good-Song "Following The Sun".

Fakten
Di 2 Englänner Rick Parkhouse an George Tizzard forméieren den neien Duo SUPER-Hi. Neeka sinn d'Negin Djafari a Katy Tizzard. Di zwou Musekerinnen hunn net just de Gesangspart a am Lidd "Following The Sun" iwwerholl, mee si hunn och un de Lyrics matgeschriwwen. "Maybe I don’t wanna know / The way home / Taking on a journey / I’ve got places to go." Am Lidd geet et ëm d'Gefill auszebriechen an ëm e Gefill vu Fräiheet, mat deem een all seng Problemer fir ee Moment hannert sech loosse kann.

Aussergewéinleches
D'Geschwëster Katy Tizzard an George Tizzard hu fir den neie Song jeeweils nei Projete gegrënnt an dës elo matenee kombinéiert. Di zwee maachen awer scho laang zesumme Musek. Fréier sinn si zesummen op Open-Mics opgetrueden. Elo schreiwen a produzéieren si och vill fir aner Kënschtler. Dat ass awer net alles: d'Katy ass och nach Delfin-Trainerin.

Fréier Hits
SUPER-Hi sinn zanter 2012 ënnert dem Numm Red Triangle als Produzenten aktiv an hu mat Kënschtler wéi David Guetta, James Arthur, Green Day a 5 Seconds of Summer zesumme geschafft. D'Negin Djafari ass eng Singer-Songwriterin vu London mat persesch-schwedeschen Originnen an huet scho Lidder fir Drake a Fifth Harmony geschriwwen a komponéiert. D'Katy Tizzard huet als Solo-Kënschtlerin ënnert dem Numm Katy Tiz Musek eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Jessie J

Lauschtert eran