Mat "Niemand bringt Marten um" presentéiert de  Marteria säin éischte Solo-Song no bal 4 Joer. 

Fakten
Social Media-Detox, ee Joer laang Paus maachen a ronderëm d'Welt reesen: Dat war dem Marteria säi Plang fir 2020, mee du koum Corona. Hien ass op der Karibikinsel Barbados gelant. 4 Méint ass de Rapper do bliwwen an huet ugefaangen, nees un neier Musek ze schaffen. Dat éischt Resultat ass di nei Single "Niemand Bringt Marten Um."

Aussergewéinleches
"Niemand bringt Marten um" ass „net dee ganz haarde Sound, mee ee Song, deen engem ee gutt Gefill gëtt", seet de Marteria selwer. De Song kléngt entspaant a verdreemt a passt beim Marteria säi positive Mindset. "Et soll ee sech net aus der Bunn werfe loossen, et soll een einfach weidergoen an un dat Positiivt gleewen an net un dat, wat een erof zitt", seet de Marteria iwwert seng nei Single.

Fréier Hits
"Lila Wolken" aus dem Joer 2012 war säin éischte groussen Hit- Plaz 1 an den däitschen Charts. Dono koume mat Lidder wéi Kids (2 Finger an den Kopf) an OMG! weider erfollegräich Singelen no.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sido, Casper, Alligatoah

Lauschtert eran