Den däitsch-spuenesche Popsänger ass zeréck mat enger neier Single.

Fakten
Den Alvaro Soler kuckt zeréck op méi wéi 80 Gold- a Platinauszeechnunge weltwäit, zwou Millioune verkaaften Alben, méi wéi 2,5 Milliarden Audiostreams an 1,5 Milliarde Streams fir seng Videoen. Hien ass scho mam Superstar J-Lo zu Las Vegas an zu Miami opgetrueden, war an der Jury vun "X Factor" an Italien, a Coach bei "The Voice Kids" 2021. Elo ass de Museker, dee ganzer 6 Sprooche schwätzt, zeréck mat senger neier Single "Magia".

Aussergewéinleches:
2013 huet den Alvaro Soler an der spuenescher Castingshow "Tú sí que vales" d'Finale erreecht. Doropshin huet Universal Music ugefaangen, sech fir de Museker z'intresséieren an huet hien ënner Kontrakt geholl.

Fréier Hits
Mat Hits wéi „Sofia“ an „El Mismo Sol“ huet den Alvaro Soler sech weltwäit am ganzen 36 Gold- a Platin-Awards geséchert. Mat sengem Debütalbum gouf de Songwriter aus Barcelona a ganz Europa bekannt. Hien huet domat Plaz 1 an Italien, der Schwäiz a Polen erreecht. Mat "La Cintura" a "La Libertad" hat hie weider Hits an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Enrique Iglesias, Ricky Martin, Luis Fonsi

Lauschtert eran