Nei Single vun der brittescher Indie-Pop-Band London Grammar.

Fakten:
London Grammar ass déi richteg Adress, wann een op britteschen Indie-Pop oder Soul-Pop steet. Den Trio ronderëm d'Sängerin Hannah Reid presentéiert elo seng nei Single. "How Does It Feel?" staamt aus dem neien Album "Californian Soil", deen am Abrëll eraus kënnt. De Sound verbënnt Elektro-Pop mam Hannah Reid sengem Piano a funkeger Bassgittar. Am Songtext geet et ëm al Feeler, Trennung an ee méiglecht Erëmgesinn.

Aussergewéinleches:
Den Trio London Grammar gouf 2009 vum Hannah Reid an dem Gittarist Dan Rothman zu Nottingham gegrënnt. Ufanks ass d'Grupp ausschliisslech als Cover-Band opgetrueden. Ewéi ee Joer duerno awer den Drummer Dominic "Dot" Major bei d'Formatioun gestouss ass, hu si och ugefaangen eege Lidder ze schreiwen. Och haut interpretéiere London Grammar awer nach ëmmer gäre besteeënd Lidder nei. Op hirem Album "Truth Is A Beautiful Thing" war zum Beispill eng Cover-Versioun vum The-Verve-Klassiker "Bitter Sweet Symphony" mat drop.

Fréier Hits:
2012 hu London Grammar hir Debut-Single "Hey Now" erausbruecht. Am Joer drop koumen dunn déi éischt EP "Metal & Dust" an den Debut-Album "If You Wait". Mat "Wasting My Young Years" haten déi dräi Museker fir déi éischte Kéier de Sprong an d'UK-Singles-Charts gepackt.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Freya Ridings, The xx, & Florence + The Machine

Lauschtert eran