D'Kali Uchis presentéiert seng Single "Telepatía"

Fakten:
D'lescht Joer huet di kolumbianesch-US-amerikanesch Sängerin Kali Uchis hiren 3. Album eraus bruecht. D'Wierk mam Titel "Sin Miedo" war säin éischten Album op Spuenesch. "Telepatía" ass déi nei Single aus dem Album a behandelt een Thema, dat net méi aktuell kéint sinn: Spirituell Verbonnenheet trotz Distanz."Telepatía"  ass eng verdreemt Neo-Soul-Nummer op Spuenesch an op Englesch an dee 7. Titel vu sengem Studioalbum "Sin Miedo (del Amor y otros Demonios)".

Aussergewéinleches:
Besonnesch an Zäiten vun der Pandemie kënnt de Message vum Lidd gutt un. Well net just op TikTok gouf "Telepatía" krass gefeiert a fir eege Videoe benotzt, och ausserhalb vun der Plattform gëtt de Song en Hit. Ënner anerem huet den Titel et an d'Billboard "Hot Latin Songs"-Charts op Plaz 10 gepackt.

Fréier Hits:
D'Kali Uchis, dat mat richtegem Numm Karly-Marina Loazia heescht, ass dofir bekannt, mat Stiler ze spillen a verschidde Genre mateneen ze verbannen: Vun Jazz bis RnB, Pop a Reggaeton: D'Sängerin probéiert sech gären aus. Dëse Mix aus Genre weist sech vrun allem a sengen éischten 2 Studioalben "Por Vida" an "Isolation". Dora séngt hatt haaptsächlech op Englesch a gëtt vun anere Kënschtler wéi Tyler, The Creator, Steve Lacy oder Jorja Smith ënnerstëtzt. D'lescht Joer huet d'Sängerin säin éischten Album op Spuenesch gedroppt: "Sin Miedo (del Amor y otros Demonios)" soll een Hommage u seng Originne sinn.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Doja Cat, SZA, Jorja Smith

Lauschtert eran