Deen neie Bilderbuch-Song iwwerrascht mat Retro- und Country-Vibes.

Fakten:
Bilderbuch iwwerraschen ëmmer nees, well si einfach maache wat si Loscht hunn. Sou kléngt op mannst di nei Single "Nahuel Huapi". Country-Vibe an Akustikgittaren huet e bei der éisträichescher Band nach ni héieren. Den Nahuel Huapi ass een argentineschen Nationalpark, deen nom Séi "Nahuel Huapi" benannt ass. Do huet d'Band och de Song geschriwwen. Am Februar d'lescht Joer waren di 4 Éisträicher zwou Woche laang duerch Argentinien ënnerwee. An enger Hütt um Nahuel-Huapi-Séi hu Bilderbuch un hirer Musek geschafft. Dobäi ass ënner anerem "Nahuel Huapi" entstanen.

Aussergewéinleches:
Bilderbuch hu sech schonn 2005 gegrënnt. Deemools waren si ënner anerem d'Besetzung vun enger Schülerband an hirer Klouschterschoul zu Kremsmünster an Éisträich.

Fréier Hits
En éischten Hit haten d'Éisträicher am Joer 2013 mat hirem "Maschin". Dono konnte si mat "Bungalow" och déi leschte Kritiker vu sech iwwerzeegen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Wanda, Kraftklub & AnnenMayKantereit

Lauschtert eran