Den Dance-Kënschtler ass zeréck mat senger neier Single "Rise".

Fakten
Hanner Lost Frequencies stécht de belschen DJ Felix De Laet. No senger EP mam Titel "Cup Of Beats" vun 2020 ass de belsche Museker elo zeréck mam Titel "Rise" - seng éischt Verëffentlechung bei Sony Music.

Fréier Hits
De belschen DJ Lost Frequencies ass bekannt duerch Hits wéi „Are You With Me“ oder „Reality“.

Aussergewéinleches
D'Joer 2020 war ee ganz besonnescht fir de Lost Frequencies. Nieft senger EP „Cup of Beats“ krut de belsche Museker ausserdeem eng Invitatioun fir um Dag vum kinnekleche Palais zu Bréissel opzetrieden.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
DJ Snake, The Chainsmokers, Sam Feldt

Lauschtert eran