Haut presentéiere mir am Xclusiv déi ganz nei Single vum Daya.

Fakten:
Déi amerikanesch Kënschtlerin Daya huet mat "Bad Girl" en extrem éierleche Song iwwert seng Sexualitéit erausbruecht. Geschriwwen huet hatt de Song zesumme mam Charlie Puth an Andrew Goldstein, deen ënnert aneren scho fir d'Demi Lovato an d'Britney Spears geschafft huet. Mat "Bad Girl" mécht d'Daya ausserdeem Loscht op seng nei EP, déi nach dëst Joer erauskomme soll. Et wier deen éischte grousse Release zanter sengem Debut-Album "Sit Still, Look Pretty" aus dem Joer 2016.

Aussergewéinleches:
Huet d'Daya 2015 a sengem Debut-Hit "Hide Away" nach gesongen, datt hatt ee "good girl" op der Sich no engem "good boy" wier, huet sech an deene leschte Joren dach esou Munches geännert. D'Amerikanerin ass nämlech elo just nach u "bad girls" interesséiert. A sengem neien Elektro-Pop-Song séngt hatt nämlech iwwert seng Sexualitéit an doriwwer, datt hatt guer kee Bock méi op Männer huet. D'Daya huet sech viru kuerzem nämlech als bisexuell geout an ass de Moment esou glécklech ewéi ni virdrun. All Fra kéint der Sängerin no e "bad girl" sinn, wann ee selbstbewosst wier an de Courage hätt sech an dëser Welt duerchzesetzen.

Fréier Hits:
Mat 16 Joer huet d'Daya säin éischte Plackevertrag ënnerschriwwen. 2015 huet hatt et du mat senger Debut-Single vum lokale Radio, iwwert Klicks am Internet bis op d'Plaz 23 vun den US-Singles-Charts gepackt. Och d'Chainsmokers waren op d'Kënschtlerin opmierksam ginn an hunn 2016 mat him de Song "Don't Let Me Down" erausbruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Bebe Rexha, Halsey, Alessia Cara & Zara Larsson

Lauschtert eran!