Haut presentéiere mir ganz nei Musek aus Lëtzebuerg!

Fakten: 
No e puer Méint Abstinenz huet déi lëtzebuergesch Rapperin Koko47 sech erëm mat neier Musek zeréckgemellt. Am Verglach zu sengem Debut "In Love With The Koko" ass deen neie Song "Control" e bësse méi roueg. Et geet ëm d'Léift tëschent zwou Persounen, vun där een einfach net méi fort kënnt. "Control" ass e Lidd dat ganz vill Jugendlecher gutt novollzéie kënnen. Et beschreift eng Thematik an déi sech besonnesch jonk Frae gutt eraversetze kënnen.

Aussergewéinleches:
D'Koko47 wëll weisen datt een et och als Fra an der Musekswelt packe kann. Hatt zitt seng Inspiratioun direkt aus dem Berliner Lifestyle a betruecht Kënschtlerinnen ewéi d'Hayiti oder d'Juju als seng grouss Virbiller. Och an der lëtzebuerger Zeen kennt d'Koko47 sech awer beschtens aus, keen aneren ewéi den Tommek ass nämlech säi Cousin.

Fréier Hits:
Am Summer d'lescht Joer huet d'Koko47 seng Debut-Single "In Love With The Koko" erausbruecht. Déi jonk Lëtzebuergerin hat den Track deemools zesumme mam Berliner Produzent TSODOR realiséiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Tommek, Nicool & Maale Gars

Lauschtert eran!