Haut presentéiere mir déi ganz nei Kollaboratioun vum DJ Snake an dem Selena Gomez!

Fakten:
2018 hunn den DJ Snake an d'Selena Gomez op der Single "Taki Taki" schonn eng Kéier zesummegeschafft. Elo ass dann hir zweet Kollaboratioun "Selfish Love" dobaussen. Et ass en Tropical-House-Song mat Dubstep- a Latin-Aflëss an, op deem d'Selena esouwuel op Spuenesch ewéi och op Englesch séngt. Ech wollt e Lidd erausbréngen op deem ech all meng musikalesch Influenze verschaffen an dat gutt Vibes verbreet, dat sot den DJ Snake an engem Interview iwwert "Selfish Love".

Aussergewéinleches:
Zanter e puer Méint ass d'Selena Gomez jo komplett op Spuenesch ënnerwee. D'Iddi hätt scho méi laang am Raum gestanen, elo wier et dann un der Zäit gewiescht dat och endlech an d'Realitéit ëmzesetzen, esou d'Sängerin. Passend zu där neier Richtung huet hatt dann och eng nei EP mam Titel "Revelación" erausbruecht. Opgrond vun der Pandemie ass de Projet iwweregens quasi komplett per Videocall entstanen.

Fréier Hits:
Seng Karriär huet d'Selena Gomez schonns am Joer 2008 ugefaangen. Bekannten Hits sinn zum Beispill "I Want You To Know" zesumme mam Zedd oder "Wolves" zesumme mam Marshmello. 2019 hat hatt du säin éischte Solo-Hit mat "Lose You To Love Me". Och den DJ Snake konnt scho mat etleche Kollaboratioune grouss Erfolleger feieren. Ënnert anerem denkt een natierlech direkt un "Turn Down For What" mam Lil Jon oder "Lean On" mat Major Lazor a mam Mø.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Camila Cabello, Miley Cyrus, Ozuna & J. Balvin

Lauschtert eran!