Den däitsche Produzent an DJ Alle Farben ass zeréck mat enger neier Kollaboratioun!

Fakten: 
"Sex" ass e Song iwwert d'Kribbelen am Bauch dat ee verspiert wann een u säi Schwarm denkt. Entstanen ass de Song zesumme mat där dänescher Sängerin Theresa Rex. Dobäi erauskomm ass eng ganz labber, positiv a poppeg House-Nummer, déi ganz séier an d'Ouer geet. Och wann déi Zwee den Track op Distanz opgeholl hunn, konnte si wärend den Aarbechten e gudde Vibe opbauen, ewéi si an engem Interview verroden hunn. Genee de richtege Song fir dës Zäit, well iergendwann kommen och erëm déi Zäiten an deenen aus eise leidenschaftlechen Dreem erëm Realitéit gëtt.

Aussergewéinleches:
Viru kuerzem huet den Alle Farben nach mat engem Remix vum Fools-Garden-Klassiker "Lemon Tree" op sech opmierksam maachen. Dat Lidd war an eiser Eldo-Museksredaktioun awer net esou gutt ukomm. Gläichzäiteg huet den Alle Farben am Lockdown bewise wéi gutt hie kache kann. De Frans Zimmer huet esouguer e puer Tipps vu verschiddenen däitsche Stärekäch kritt a kéint sech och virstellen d'Karriär als Kach weider ze verfollegen.

Fréier Hits:
Dem Theresa Rex seng Stëmm konnt een an der Vergaangenheet ënnert anerem op Hits ewéi "Solo Dance" vum Martin Jensen oder "What I Like About You" mam Jonas Blue héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
YouNotUs, Felix Jaehn, Ilira & Jasmine Thompson

Lauschtert eran!