D'brittescht Produzententeam Jungle droppt no enger laanger Paus nees nei Musek.

Fakten
Jungle sinn 2 Frënn vu London, déi sech laang just T an J genannt hunn. Et weess ee mëttlerweil, wéi den Tom an den Josh ausgesinn. Awer si weisen sech net gär, mee loosse léiwer hir Musek schwätzen. Am August kënnt hiren neien Album "Loving In Stereo". 14 Lidder sinn drop, dorënner di nei Single "Keep Moving". Hei héiert een deen typeschen Jungle-Sound nees eraus: Soul, Funk, UK-Music, an Indie-Pop.

Aussergewéinleches
Am Dezember 2013 goufen Jungle bei "BBCs Sound of 2014" nominéiert. Di 1. Show an hirer Heemechtsstad London am Dezember 2013 war bannent den éischte 24 Stonnen ausverkaaft.

Fréier Hits
2014 gouf déi britesche Band mam Hit "Busy Earnin" bekannt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
SOHN, The Avener, Alt-J

Lauschtert eran