De Jan Delay ass zeréck mat sengem typeschen Disco-Sound.

Fakten
De Jan Delay ass zeréck! Fir den 21. Mee huet hie säin neien Album "Earth, Wind & Feiern" ugekënnegt. Fir di nei Single-Auskopplung "Eule" huet hie sech Ënnerstëtzung vum Marteria geholl. De Marteria feiert grad selwer ee klenge Comeback: Viru kuerzem hat hie seng nei Single "Niemand bringt Marten um" eraus bruecht, nodeems e sech ee Joer komplett aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn hat. "Eule" ass ee klassesche Jan-Delay-Track mat typeschen Disco-Sound-Elementer an danzbare Beats. Dem Marteria säi Rap-Part harmonéiert gutt dobäi.

Aussergewéinleches
Am Titel "Eule" séngt de Jan Delay vun Nuetseilen, déi gär Party maachen a vun engem Club an deen aneren zéien a keen Enn fannen. An engem Interview huet hien erzielt, wéi d'Lidd entstanen ass: "Ich mache meine Mucke eigentlich fast immer nachts, denn ich liebe diese ganz besondere Energie, die aus der nächtlichen Ruhe entsteht. Darum wollte ich schon immer mal eine Ode an die Nacht schreiben."

Fréier Hits
De Jan Delay ass Member vun der Grupp Beginner an och als Solokënschtler aktiv. Bekannten Hits sinn zum Beispill "Oh Johnny", "Klar" an "Irgendwie, Irgendwo, Irgendwann"."Lila Wolken" war dem Marteria éischte groussen Hit- Plaz 1 an den däitschen Charts. Dono koume mat Lidder wéi "Kids (2 Finger an den Kopf)" an "OMG!" weider erfollegräich Singelen no.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sido, Casper, Alligatoah