De Lëtzebuerger Museker Pascal Dechmann presentéiert zesumme mat der englescher Sängerin Sonna Rele eng Coverversioun vum Van Halen Hit "Jump".

Fakten
De Pascal Dechmann ass e Lëtzebuerger Multi-Instrumentalist a Produzent, dee sech ënner anerem duerch seng Kollaboratioun mat Fluyd, De Midlife Chris, Surf Cowboys, a BSF en Numm gemaach huet. D'Sonna Rele ass eng Sängerin a Multi-Instrumentalistin aus England, déi scho mat bekannten Stare wéi John Legend an Maxi Priest op Tour war,a mat Kënschtler wéi Wyclef Jean a Michael Franti zesumme geschafft huet. Zesumme hu béid Museker elo eng Coverversioun vum Van halen Hit "Jump" eraus bruecht.

Aussergewéinleches
De Pascal Dechmann kuckt zeréck op eng 30 Joer laang Musekscarrière. Bekannt gouf hien als Bandmember vu Formatioune wéi Zen And The Art of Motorcycle Repairing , Neo Tokyo a Surf Cowboys. Haut ass de Pascal Dechmann als Songwriter a Produzent aktiv.

Fréier Hits
De Pascal Dechmann hat an de leschte Méint 2 grouss Radiohitten mat "Your Eyes" an "Rise".  Alle béid ginn an d'Richtung melodiéisen EDM/Elektropop.