D'Rosé mécht eng Paus vu senger Girlgroup BLACKPINK a presentéiert mat "On The Ground" een emotionalen Track.

Fakten
D'Rosé vun der K-Pop Girlgroup BLACKPINK presentéiert mat "On The Ground" säin éischten eegene Solo-Track an thematiséiert dobäi d'Liewen ausserhalb vun Erfolleg a Berüümtheet. Hatt weist sech net just musikalesch vun enger anerer Säit, mee wierkt och vill méi emotional. An "On The Ground" séngt d'Rosé dovun, dass him am Show-Business oft agetriichtert gouf, dass hatt no de Stäre gräife soll. Dobäi ass dat, wat een am Liewe wierklech braucht, vill méi einfach: „I worked my whole life / Just to geht high, just to realise / Everything I need is on the ground.” Och musikalesch setzt sech dem Rosé säi Solo-Projet vum BLACKPINK Sound of. "On The Ground" ass méi roueg a markéiert duerch eng einfach Gittar mat EDM-inspiréierte Beats.

Aussergewéinleches
Dass sech Membere vu enger Band ëm Solo-Projete këmmeren, ass net seelen.  Dat war scho viru ville Jore mat Take That a Robbie Williams de Fall, oder mam Zayn Malik a One Direction. An de meeschte Fäll ass d'Opléisung vun enger Band de Grond fir di nei Solo-Carrière – bei BLACKPINK ass dat awer anescht! Di südkoreanesch Girlgroup huet eréischt zejoert en Album releast an trotzdeem schéint eng Solo-Carrière parallel méiglech ze sinn.

Fréier Hits
D'Rosé huet mat sengem Museksvideo zu "On The Ground" ee YouTube-Rekord fir di meescht Views vun engem K-Pop-Solokënschtler bannent 24 Stonnen opgestallt. Mat 41,6 Millioune Views huet hatt de joerzéngtelaange Rekord vum PSY mat "Gangnam Style" geknackt. De PSY hat mat sengem berüümten Danzvideo just knapp 36 Millioune Views bannent 24 Stonnen.

Lauschtert eran