Mam Titel "Peaches" droppt den Justin Bieber déi nei Single vu sengem Album "Justice".

Fakten:
Enn Mäerz huet den Justin Bieber säi 6. Studioalbum "Justice" eraus bruecht. Um Album huet hien e sëllege Feature-Gäscht mat dobäi, déi hie bei de Lidder ënnerstëtzen. Nieft Chance The Rapper, The Kid Laroi a Khalid, huet hie sech och di 2 R&B-Sänger Giveon an Daniel Ceasar fir de Song "Peaches" op den Album geholl. Di 2 verpassen dem Lidd ee soulegen Touch. Och den Justin Bieber weist sech am Lidd méi vu senger souleger Säit, woumat hien ee Kontrast zu fréieren Hits wéi "Holy" oder "Hold On" liwwert.

Aussergewéinleches:
Weltpremière gefeiert huet de Song "Peaches" am Justin Bieber senger Episode vun "Tiny Desk Concert". Et ass ee Format, bei deem Kënschtler vun doheem aus, quasi direkt aus hirer Stuff, ee klenge Concert ginn. Och d'Miley Cyrus, 2Chainz oder Black Coffee hu bei deem Projet matgemaach.

Fréier Hits:
Dem Justin Bieber seng Karriär huet mat Cover-Versiounen ugefaangen, déi hien als Teenager op YouTube eropgelueden hat. 2010 konnt hie mat "Baby" een éischte groussen Hit landen. Den Debüt-Album "My World 2.0" a seng "My World Tour" hunn aus dem Justin Bieber ee vun den ugesotste Pop-Stare gemaach

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Shawn Mendes, Zayn & Bruno Mars

Lauschtert eran