No 9 Méint Paus ass den amerikanesche Rapper zeréck mat enger neier Single.

Fakten:
De Songtitel "Montero (Call me by your name)" huet de Museker ganz bewosst gewielt. An engem Insta-Post huet de Lil Nas erkläert, dass sech de Song an de Video u senger eegener Persoun inspiréiert, wéi hie 14 Joer al war. Dee Moment hat hie sech nach net als homosexuell  geout. Am leschten Deel vum Songtitel bezitt de Rapper sech och op de Film "Call me by your name" . Am Film geet et ëm eng Libesgeschicht, an där sech ee 17 Joer ale Jong an een eelere Mann verléift.

Aussergewéinleches:
Fir seng nei Single huet de Lil Nas X, dee mam Virnumm Montero heescht, ee provokante Museksvideo gedréit. De Clip fänkt am Gaart Eden un, eng Plaz déi hien awer no sech selwer benannt huet. No engem Kuss kënnt de Lil Nas an d'Häll a gëtt dem Däiwel ee Lapdance, ier hien en ëmbréngt a säi Räich iwwerhëlt. Mam Video weist den US-amerikanesche Museker, dass hien zu senger Sexualitéit steet an anere Courage wëllt maachen.

Fréier Hits:
No sengem Mega-Hit "Old Town Road" ass de Lil Nas X zeréck mat enger neier Single.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Post Malone, DaBaby, Arizona Zervas

Lauschtert eran