Years & Years sinn zeréck mat enger neier Single.

Fakten
Years & Years hu viru kuerzem annoncéiert, dass sinn an Zukunft just nach de Soloprojet vum Frontmann Olly Alexander wäerte sinn an déi 2 aner Bandmemberen Emre Türkmen an Mikey Goldsworthy net méi mat dobäi sinn. Di 2 Museker bleiwen awer frëndschaftlech matenee verbonnen. Elo gëtt et di éischt nei Single "Starstruck" am neie Solo-Setup. Et ass déi éischt Single vum neien Album, dee fir dëse Fréijoer ugekënnegt ass.

Aussergewéinleches:
Den Olly Alexander spillt zanter Januar och an der Tëleesserie "It’s A Sin" vum Russell T Davies mat, déi d'Liewe vu jonken Homosexuellen am London vun den 1980er Jore weist. D'Serie ass nom berüümte Song de vun de Pet Shop Boys benannt, mat deene Years & Years fir hiren Album "Hotspot" kollaboréiert hunn.

Fréier Hits
Years & Years ass eng brittesch Elektropopband vu London, déi besonnesch mat de Lidder "Shine" a "King" hiren internationalen Duerchbroch gefeiert huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Clean Bandit, Jax Jones, Dua Lipa

Lauschtert eran