D'Twenty One Pilots mellen sech zeréck mat enger neier Single an engem neien Album!

Fakten: 
"Shy Away" gouf vum Frontmann Tyler Joseph senger Roll als eelere Brudder inspiréiert. Dat Eenzegt wat nach méi schwéier ass, ewéi erauszefanne wat engem seng eege Bestëmmung ass, ass enger anerer Persoun, déi ee vun Häerze gär huet, dobäi nozekucken ewéi déi probéiert hir Bestëmmung erauszefannen, esou de Sänger vun der Band an engem Interview mat BBC Radio 1. Mat deem neien Track hunn d'Twenty One Pilots dann och direkt hiren neien Album "Scaled And Icy" fir den 22. Mee annoncéiert.

Aussergewéinleches:
An deene leschte Méint stoung bei där amerikanescher Band definitiv net d'Musek am Virdergrond. De Sänger Tyler ass nämlech Papp ginn an den Drummer Josh Dun huet sech bestuet. Guer keng Musek méi maachen war dunn awer och net déi richteg Léisung. Dowéinst sinn déi zwee iwwer 3 Joer no hirem leschten Album elo endlech zeréck. "Scaled And Icy" gouf iwweregens ganz Corona-gerecht wärend virtuelle Meetings produzéiert.

Fréier Hits:
Mat Welt-Hits ewéi "Stressed Out", "Ride" oder "Heathens" hunn d'Twenty One Pilots a ganz ville Länner mëttlerweil Gold- oder Platin-Status erreecht. Hire leschten Erfolleg konnte si d'lescht Joer mat "Level of Concern" feieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Bands och eppes fir iech:
Imagine Dragons, Foster The People, Fall Out Boy & Panic! At The Disco

Lauschtert eran!