De Lëtzebuerger Sänger Georges Goerens alias "Bartleby Delicate" presentéiert seng nei Single.

Fakten: 
De Lëtzebuerger Singer-Songwriter Georges Goerens mécht Musek ënnert sengem Kënschtlernumm "Bartleby Delicate".  Hien bitt e Mix aus Folk, Pop an Elektro a bréngt de 14. Mee beim Berliner Indielabel "Listenrecords" seng éischt EP "Deadly Sadly Whatever" eraus. 5 Lidder sinn op der EP ze fannen, dorënner och di nei Single "Plastic Flowers".

Aussergewéinleches:
A sengen Texter behandelt Bartleby Delicate d'Problemer vu senger Generatioun- der Millenial-Generation. D'Texter bleiwen dobäi awer meeschtens abstrakt, associativ an oft humorvoll, ouni a Pathos oder Selbstmatleed ofzedriften. "Plastic Flowers" zum Beispill handelt vun der toxescher Libesgeschicht tëscht der Mënschheet an der Äerd.

Fréier Hits:
Bartleby Delicate huet schonn op Festivaller wéi dem SPOT, dem Reeperbahn Festival, dem WAVES Vienna an dem Great Escape gespillt a gouf mat e puer Musekspräisser ausgezeechent (ë. a. "Best Upcoming Artist" bei de Luxembourg Music Awards 2018). Viru Bartleby Delicate hat de Georges Goerens ausserdeem mat senger Band Seed to Tree e puer Radiohitten zu Lëtzebuerg.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Bands och eppes fir iech:
Seed to tree, Tuys, Chaild

Lauschtert eran