De Lëtzebuerger Producer a Dj ass zeréck mat engem summerlechen House-Track.

Fakten: 
Den Jimmi Braun kennt een an der Lëtzebuerger Musekszeen schonn duerch Formatioune wéi "Angel at my Table" oder "Austinn". Mëttlerweil huet hie säi Stil awer bësse geännert an ass vum Rock op d'House-Musek ëmgesprongen. Ënnert dem Numm "Jimmi Harvey" produzéiert hie momentan zu Berlin Musek a probéiert sech do en Numm ze maachen.

Aussergewéinleches:
De Video zu der Single "Never Too Late" huet den Jimmi Harvey zu Berlin beim Mauerpark gedréit. Dobäi huet hie mam Graffitikënschtler @sehven25 zesumme geschafft- an dem Video dee fir hien typesche retro/vintage Look verpasst.

Fréier Hits:
Ufank 2021 hat den Jimmi Harvey mat "Feeling Alive" an der House-Seen en Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Bands och eppes fir iech:
Alex Gaudino, Martin Solveig, Yves Larock

Lauschtert eran