D'Au/Ra gëllt als nei Hoffnung fir den Alternative-Pop. 

Fakten: 
D'Au/Ra gëllt scho méi laang als Alternative-Pop-Hoffnung. Hatt ass zu Ibiza gebuer, an der Karibik opgewuess, awer de groussen Deel vu senger Famill wunnt an Däitschland. All des Erfarunge fléissen an seng Musek an. Zejoert huet hat vill Lidder eraus bruecht. Seng éischt Single fir 2021 heescht "Dead Girl".

Aussergewéinleches:
D'Au/Ra mécht Alternative-Pop an heiansdo och Musek iwwer Outsider. Hatt fillt sech nämlech heiansdo selwer als Outsider. Déifgrënneg Theme sinn him wichteg. "Dead Girl" erzielt dovun, sech desorientéiert ze fillen. De Song huet d'Au_Ra geschriwwen, wéi hatt no laanger Zäit nees doheem war. Komplett nei war dat Gefill fir hatt net. Vrun allem an der High School huet hatt sech net ëmmer wuel gefillt. Ausserdeem wier et absolut okay, sech anescht ze fillen. Och dat ass de Message vum Song.

Fréier Hits:
D'Au/Ra gëllt als Hoffnung vum Alternative-Pop. Grouss Elektro-Acts wéi CamelPhat an Jax Jones hu scho mat him zesumme geschafft.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Bands och eppes fir iech:
Charlotte Lawrence, Daya, Tate McRae

Lauschtert eran