No "Ride" a "Secrets" ass de Regard zeréck mat enger neier Single

Fakten:
De Regard, den Troye Sivan an d'Tate McRae hu sech fir di nei Single "You" zesumme gedinn. Produzéiert gouf d'Single vum renomméierten DJ a Museksproduzent Regard, biergerlech Dardan Aliu, dee fir Wierker wéi "Ride It" a "Secrets" Feat. Raye bekannt ass. Fir de gesanglechen Deel vum Lidd ass de  bekannten australesche Sänger a Songwriter Troye Sivan an di kanadesch  Newcomerin Tate McRae, responsabel. Am Songtext sangen di 2 Sänger doriwwer, dass si einfach net iwwer hiren Ex ewech kommen, egal wéi staark si et och probéieren. D'Single ass déi éischt Zesummenaarbecht tëscht den 3 Kënschtler. D'Single ass déi éischt Zesummenaarbecht tëscht den 3 Kënschtler.

Aussergewéinleches:
De Regard huet schonn am Kannerzëmmer bei sengen Elteren am Kosovo ugefaangen, Musek ze maachen. Den Erfolleg huet awer op sech waarde gelooss. Obwuel hie scho 7 Joer am Geschäft ass, leeft et eréischt säi kuerzem richteg  gutt fir hien.

Fréier Hits
Mëttlerweil zielt de Regard zu de Leaderen vun der Deep House-Szene. Hien ass immens produktiv an éiergäizeg. Mat der "Ride It" hat hien 2019 ee weltwäiten Nummer-1-Hit. Zejoert hat hie mam Titel "Secrets" zeusmme mat der Sängerin Raye e weideren Erfolleg.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Meduza, Lost Frequencies. Sam Feldt