D'Doja Cat huet sech fir d'Single "Kiss Me More" d'SZA als Feature-Star mat an d'Boot geholl.

Fakten
D'Doja Cat an d'SZA wënschen sech méi Léift op dëser Welt. Op hirer neier Single "Kiss Me More" kréien di 2 einfach net genuch vun hire Partner (-innen) a wëlle méi Kierperkontakt. Wéi schonn op sengem Hit "Say So" rappt d'Doja Cat net just, mee séngt och.

Aussergewéinleches:
"Kiss me more" huet een dezenten Disco-Vibe, an deem ee kuerze Sample vum 80er Joren Hit "Physical" vum Olivia Newton-John ze héieren ass. Deen haten ënner anerem schonn d'Dua Lipa an d'Miley Cyrus fir de Song "Prisoner" benotzt.

Fréier Hits
D'Doja Cat, biergerlech Amalaratna Zandile Dlamini, ass eng US-amerikanesch Rapperin, Sängerin, Songwriterin a Museksproduzentin. Mam Titel "Say So" huet d'Kalifornierin weltwäit d'Charts gestiermt. Den Track gouf op sengem 2. Studioalbum "Hot Pink" de 7. November 2019 releast. Grouss Opmierksamkeet krut "Say So" vrun allem dono iwwert de Videoportal Tiktok, wou d'Fans Danzvideoen zu sengem Song erop lueden. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Nicki Minaj, Ariana Grande, Dua Lipa