D'Zoe Wees presentéiert mat "Control" eng weider Single.

Fakten:
Di däitsch Sängerin Zoe Wees ass zeréck mat senger neier Single "Control". D'Lidd ass op senger Debüt-EP "Golden Wings" ze fannen, déi den 21. Mee eraus kënnt. Grad wéi op senge leschte Singelen "Control" a "Girls Like Us" sti staark Emotiounen hei am Mëttelpunkt. "Ghost" handelt dovun, eng Persoun ganz no u sech erun ze loossen, och wann ee weess dass déi Persoun ee ka verletzen. Et geet drëm enger anerer Persoun ausgeliwwert ze sinn, well déi engem säi Liewe praktesch zerstéiere kann.

Aussergewéinleches:
Di däitsch Sängerin huet 2017 bei der Castingshow "The Voice Kids" matgemaach. Hatt huet d'Show zwar net gewonnen, huet do awer den Ed Sheeran kenne geléiert. Och hien huet erkannt, dass hatt eng besonnesch Stëmm huet. Dee Weltstar huet deemools gemengt: "D'Zoe huet eng Stëmm, déi absolut no fir geet an eng ganz besonnesch Presenz huet."

Fréier Hits:
D'Zoe Wees ass Newcomerin vun Hamburg. Mat senger Debüt-Single "Control" gouf hatt 2020  bekannt. Mat "Girls Like Us" hat hatt dono ee weideren Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Arthur, Benee, Julia Michaels

Lauschtert eran